UNEL

Den Freiden den 27. Februar war d'UNEL vertrueden um Hearing an der Chamber. D'CGJL huet dësen Austausch tëscht der Logementskommissioun an den Jonken organiséiert fir ze erméiglechen, dass d'Vue vun der jonker Generatioun op d'Wunnengsbaupolitik mat all hiren Problemer kann thematiséiert ginn. D'UNEL ass frou konnten un dësem Debat deelzehuelen. Den folgenden Text huet als Basis fir d'Ried déi an der Chamber gehalen gouf gedéngt an gouf nom Austausch nach eng Kéier iwwerschafft fir e puer Punkten méi kloer duerzestellen an aner Punkten duerch Input vun aneren interessanten Bäitreeg ze erweideren.

Logement fir Student*innen an Jonker

Wunnsituatioun vun den Studéierenden zu Lëtzebuerg

Eng privat Wunneng ze fannen ass fir Studéierender aus verschiddenen Ursaachen extrem schwiereg, engersäits hu privat Proprietairen net gären Student*innen well des keen eegent Akommes hunn, anerersäits sinn d'Frais'en vill ze héich. Den Standard vun den Wunnengen iwwertrëfft dat wat Studéierender brauchen, Garantie Locative muss hannerluecht ginn an d'Frais d'Agence mussen vum Locataire iwwerholl ginn. An dësen Problematiken muss d'Politik nohalteg Léisungen ugoen: Et muss méi vun ëffentlecher Hand finanzéierte Wunnraum fir Studéierender geschaf ginn an et musse gesetzlech Ännerungen kommen déi de Locataire entlaaschten.

Quantitéit, Qualitéit an Emfeld vun Studéirendenwunnengen

Fir d'UNEL, als Studéierenden Vertriedung, ass d'Haaptprioritéit, dass méi Wunnengen fir Studenten an Studentinnen zur Verfügung gestallt ginn. Dës mussen gutt mam ëffentlechen Transport ze erreeche sinn an een ugemiesse Präis hunn. Duerch de neie Boursësystem ass et jo fir déi lëtzebuergeschen Studéierenden bal onméiglech ginn fir selwer op den eegenen Been ze stoen a sech zu Lëtzebuerg eng Wunneng ze huelen. Dofir hänken déi 2 Saachen fir eis zesummen an d'Ewechfale vun der Mobilitéitsbourse fir d'Residentstudent*innen misst deementspriechend kompenséiert ginn. Wann d'Uni.lu demnächst komplett zu Esch wärt sinn, wäerten vill Residentsstudéierender mee och Studéierender aus der Groussregioun ee wäite Wee mussen all Dag zeréck leeën. Et ass wichteg, dass an der Ëmgéigend Esch an de nächste Joeren méi ëffentlechen Wunnraum fir Student*innen bereet gestallt gëtt.
D'Bautereglementer musse Student*innenwunnengen als Logement Typologie ophuelen, woubäi minimal raimlech a sanitär Qualitéiten festgehale mussen ginn. An dësem Sënn kennen Ausnameregelungen (méi grouss Densitéit, aner Gabariten, keng Demande un Parkplazen,...) a Kraaft gesat ginn an domat d'Schafen vun Studéierendenwunnengen an existéieren Quartieren vereinfachen an domat d'Student*innen an d'Gesellschaft anbannen.
D'Zesummeliewen zwëschen Jonk an Aal, Aarm an Räich, Schaffenden an Net-Schaffenden soll gefördert ginn, an deem Sënn schwätzen mer eis géint Studentencitéen aus. Zemools am Hibléck op den neien Standuert vun der Uni.lu zu Belval muss een Konzept opgestallt ginn, dat den Besoin'en vun den Studéierenden entsprécht an dat genuch Wunnraum fir se schaaft ouni zu engem "Student*innen-Ghetto" ze ginn. Et solle keng Logementer fir spezifesch Sparten vun der Gesellschaft geschaaft ginn an domat eng gewëssen Sparte ënnert sech behale ginn. Et ass wichteg, dass Studéierender net ofgekapselt vum Rescht vun der Gesellschaft liewen, mee en Deel vun dëser sinn. Eis Gesellschaft ass heterogen an eis Wunnengsbaupolitik soll dëst och widder spigelen.

Wunnen nom Studium

Och nom Studium ass et der UNEL wichteg, dass Jonken Leit erméiglecht gëtt een ugepasste Logement ze fannen an doduerch un Autonomie ze gewannen. Dëst wärt an Zukunft wuel ëmmer méi schwiereg ginn, well engersäits d'Wunnengspräisser net ophalen mat klammen an anerersäits d'Student*innen ëmmer méi verschëld vun der Uni zeréck kommen, och do muss d'Politik reagéieren. Méiglechkeeten fir d'Politik un der Situatioun eppes ze änneren wär engersäits d'Verscholdung vun Studéierenden ze minimiséieren an anerersäits een Wunnprêt, fir Leit déi grad vun der Uni oder aus der Schoul kommen, mat engem méi déiwen Taux ze erméiglechen.

Zukunftsorientéiert Wunnen

Wunnformen

Fir kommend Erausfuerderungen, wei z.B de Klimawandel, entgéint ze wierken, sollen nei Wunnformen méi ënnerstëtzt ginn, mir denken do zB. u Gréngt Wunnen, Autofräit Wunnen, Generatiounen Iwwergräifend Wunnen, ...
D'Konzept vun "Durabilitéit" muss zäitgeméiss ugaangen ginn; et geet net méi duer d'Energieeffizienz als eenzelnen Facteur ze betruechten. Nierwend Konzepter vu sozialer Mixitéit oder urbaner Integratioun sinn och d'Ressourcen, den Gro-Energieverbrauch (Energieverbrauch vun engem Gebai an dem d'Hierstellung, den Transport, d'Lagerung, d'Benotzung an d'Entsuergung mat abegraff sinn), d'Qualitéit vum Raum wichteg Facteuren déi am Kontext vun "Durabiltéit" musse beschwat ginn.

Wunnengsmaart

Och um economeschen Volet gesinn mir nach Schwieregkeeten. Lëtzebuerg huet vläicht (nach) keng Wunnengsmaartbloos, dat heescht awer net datt d'Wunnengen am Land bëlleg sinn, éischter den Géigendeel. Dowengst sollen och hei politesch Mesuren ergraff ginn fir den Wunnengsmaart am Grëff ze behalen, eng dovun wär zum Beispill massiv an sozialen Wunnengsbau ze investéieren. D'Heterogeniteit soll och do als Haaptkonzept gëllen.

Urbanistesch Konzepter fir Lëtzebuerg an d'Groussregioun

Wunnengsbaupolitik huet zwangsleefeg och eppes mat städtebauleche Konzepter ze dinn.
Et ass also wichteg fir Lëtzebuerg, dass een neit Konzept fir d'Landesplanung ausgeschafft gëtt, deen d'Grondkonzepter fir déi verschidden Regiounen vum Land an vun der Groussregioun festleet an domat d'Entwécklung an eng positiv Richtung steieren kann. Mer musse fort vun der Idee, dass et een "Masterplang" gëtt nodeem mer eis déi kommend Joeren ze riichten hunn an hin zu enger Rei vun flexibelen Outil'en mat deenen mer verschidde Szenarioen(Croissance, Status quo, Décroissance) antizipéieren. Doduerch kann fir all Projet, den sozialen an gebauten Kontext eenzel an Betruecht gezunn ginn.
Während dem Hearing ass och drop ze schwätzen komm, dass et extrem wichteg ass, sou schnell wei méiglech sou vill wei méiglech Logementer bereet ze stellen. An der Realitéit vun den Gemengen bréngt dat awer grouss Problemer fir d'Infrastruktur (Schoulen, Kanal,...) mat sech. Duerch een "Plan Sektoriell Logement" deen net nom alen "Masterplang" Prinzip funktionéiert, kann besser op d'Situatioun vun den eenzelnen Gemengen agaangen ginn an d'Gemengen kennen sech iwwerdeems besser op Verännerungen virbereeden.
Duerch eng Verdichtung op relevanten Platzen, kann d'Potential vun Infrastrukturen besser ausgeschöpft ginn an den ëffentlechen Transport méi effektiv agesat ginn, och hei muss interregional geduet ginn.
Och missten an den Gemengen d'Reglementer iwwerschafft ginn an méi mat Experten zesummen geschafft ginn. Wa mir vun Experten an dësem Beräich schwätzen, da mengen mir domat net Promoteuren, déi an éischter Linn un den gréisst méiglechen Profit denken an net un eng gesond an zukunftsorientéiert Entwécklung, mee un Leit déi eng städtebaulech Ausbildung hunn. Wunnengsbau fir Studéirender kann zu enger Aart "carte blanche" ginn an doduerch Pilot Projeten entwéckelt ginn, déi nei Volumetrien an kollektiv Wunnkonzepter erprouwen, an eventuell bestoend Quartieren redynamiséieren.

Méi dicht Bauen an d'Liewensqualitéit steigeren

Mir mussen zu Lëtzebuerg agesinn, dass méi verdicht muss ginn, aus demographescher Hinsicht, mee och aus ekologeschen Grënn.
Wann mer vu Verdichtung schwätzen, dann mussen mer och iwwert d'Qualitéit vun dëser schwätzen. Well eng reng Verdichtung, déi zwar um Pabeier gutt ausgesäit, bréngt net zwangsleefeg méi Liewensqualitéit fir d'Bewunner*innen an dat ass jo wuel d'Zil wourop mer mussen histeieren.
Wéi kann duerch eng aner Wunnengsbaupolitik, d'Liewensqualitéit verbessert ginn? An deem d'Heterogenitéit vun den Notzer*innen bewahrt gëtt, an deem a sozialen Wunnengsbau investéiert gëtt, an deem Programmer méi wäit ginn wéi nëmmen rengen Wunnraum zur Verfügung ze stellen, an an deem d'Natur an d'Gestaltungsméiglechkeet vun dëser eng wichteg Roll am Logement kréien.
Logement Hearing Chamber 27.02.15