UNEL

Union National des Étudiant-e-s du Luxembourg

Wei all Joers organiseiert d’UNEL och dest Joer rem een Fréijoërsseminar. Fir schon e bessen op den Gout ze kommen hunn mer iech hei den Programm opgeschriwwen.

 

UNEL-”intern”
9h45 Ufank: Virstellung etc.
10-11h30: Corporate Identity
11h45-12h30: Summerseminar organiséieren
12h30-13h30 Paus

Oppenen Deel
13h30-14h15: Anti-Rassismus-Aktioun plangen
14h30-15h30: Eurokris an Auswirkungen op “eis Generatioun”
15h45-17h30: Gender-Session

De Seminar fënnt den 30. März, wéi ëmmer, am Sall vum SNJ statt (Service Nationale de la Jeunesse).

Den éichten Deel vum Seminar ass méi intern ausgeriicht, wat awer net heescht dat Leit “außerhalb” vun der UNEL dovun ausgeschloss sin. Villméi gin moies organisatorësch an identitär Themen diskutéiert, déi ee gudden Abléck an d’UNEL gin an dohier oh interessant fir Leit kënnen sin, déi d’UNEL lo nach net sou gudd kennen.

Am zweeten sëtzen mer eis e.a. ma der Eurokris auserneen. Zwar ass dëst ee komplexen Sujet deen een sécher net komplett an enger Stonn behandelen kann, mee di aktuell Entwëcklungen an Europa dierfen net onthematiséiert bleiwen well se weenst hieren gesamtgesellschaftlechen Auswirkungen jiddereen betreffen.

Zum Schluss fënnt eng “Gender-Session” mat der LGVI, der Luxembourg Gender Voice Initiative, statt.

Zum Owesprogramm:
Nom Seminar wärten mer sécher nach weider an ee staater Café zéien.
Fir 21 Auer fueren mer dann op Iechternach, well do d’Première vum néie Richtung22-Film “Onst Gewessen – Wat Dir net packt geet an Afrika” stattfënnt! Ween sech dat net entgoën wëll lossen, kann sech hei Tickeeën reservéieren: 
http://richtung22.org/tickeeen-premiere-og/