UNEL

Union National des Étudiant-e-s du Luxembourg

Wéi och déi Joeren virdrun, organiséiert d’UNEL nees hiren Summerseminar. Dëst Kéier nees ganz zentral an zwar zu Eich an der Géisserei (5, rue Munchen Tesch, Luxembourg). Den Start ass um 14:00.

 

Um Programm stinn dëst Joer nieft gemeinsamem Kachen eng Réi aktuell Themen, déi am Kader vun Workshope an Dis­kussiounsronnen be­handelt wäerten ginn. Et geet vun Auslänner­wahlrechtiwwert Chambre des Étudiants bis hin zum TTIP. Rollespiller an kënschtleresch Aktivitéiten sinn och mat ageplangt. Däin Input ass wëllkomm!

Donieft ass dëst Joer ganz vill lass gewiescht wat d’Studenten ugeet. An dem Sënn ass dëse Seminar och d’Geleeënheet fir e Bléck no hannen an no vir ze geheien.

Mir freeën eis op deng Präsenz! Ziel dengen Frënn an Frëndinnen vum Seminar an notéier dir des relax politesch Event an den Kalenner. Wann nach froen sinn, zeck net dech un This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. ze mellen.

Den Programm fannt dir hei:

29. August:

14h-16h30: TTIP

17h-18h: Open Space

18h-20h: Kachen an iessen

20h-…: Dem AK6670 seng Zukunft

Open Space

Soirée Artisitique

30. August:

8h-10h: Kaffé drenken

10h-12h30: Chambre des étudiant-e-s

12h30-14h: Kachen an iessen

14h-16h30: Auslännerwahlrecht

Duerno: Oofrichten, Botzen an After Party um Last Summer Dance