UNEL

Last updated: 15.07.20

Corona Bilan Secondaire

D'Joer 2020 ass en aussergewéinlecht Joer, mat Erausfuerderunge mat deenen een net gerechent huet, souwuel op privater wei och gesellschaftlecher Ebene an et huet de Schoulsystem virun onerwaarten a ganz nei Aufgabe gestallt. Des Zäit huet awer och ville Leit kloer gewisen dass Schoul eng Platz ass wou net nëmmen d'Wessenopnahm groussgeschriwwe gëtt, mee och wou sozial Interaktioune geschéien déi ee fir säi Liewe prägen. Déi sozial Ongläichheeten zwechent de Schüler*innen goufen an der Kris och verdäitlecht, woubäi déi langfristech Konsequenzen nach net z'ermëttelen sinn.

Fir d'UNEL war Corona Zäit, eng Zäit mat neien Erausfuerderungen, vun Zesummenaarbecht, Krisemanagement an aner Schaffmethoden. Lo wou Schouljoer 2020 op en Ënn kennt a Summervakanz virun der Dier steet, ass et un der Zäit fir en Bilan ze zeie vun dëser Krisenzäit.

D'UNEL seet all Organisatioun Merci déi sech agesat huet fir Rechter vu betraffene Persounen, och all Persoun déi sech agesat huet fir de Weiderverlaf vun der Schoul ze garantéieren an och Merci un déi Leit déi sech un Sécherheetsmesurë gehalen hunn fir aner Leit ze schützen.

 

Mesuren

- Et gouf insgesamt immens séier an effizient reagéiert, d'Schoule goufen direkt zougemaach an Hotlinen op Been gestallt. Mir appreciéieren och de Psychologesche Support den ugebuede gouf iwwert Hotline, mee mir fannen et wichteg dass dësen och weiderhi bäibehale gëtt net nëmmen iwwer Telefon mee och face-à-face wann Déconfinement Mesuren dëst erlaben.

- Et gouf immens séier ëmgeschalt an et gouf probéiert dass all Persoun Accès op Material hat, sou gouf zum Beispill Homeschooling Plattform direkt an d'Liewe geruff an et gouf gekuckt dass Schoulen a Schüler*innen Accès op dat neidescht Material hunn. Leider goufen awer Mesuren net ëmmer gläich gutt ëmgesat, sou gouf net an all Schoul de Live Stream fir vulnerabel Schüler*innen bis zum Schluss ënnerstëtzt.

- UNEL gesäit nach ëmmer kritesch dass Primaner kee Choix gelooss gouf a Schül*innen gezwonge goufen 2 Woche virum 1ière Examen an d'Schoul ze goen. Vill Schüler*innen hunn och réckbléckend keng plus value fonnt an dëser Mesure. Mir sinn awer och frou dass de Première's Examen analoge stattfonnt huet an organisatoresch an erfollegräich verlaf ass. Do war awer och leider Kommunikatioun net an all Schoul déi selwecht an et ware Primaner déi sech Elleng gelooss gespuert hunn duerch Mangtum un Informatioune virum Examen.

- Mir als UNEL ënnerstëtzen Approche dass gekuckt gouf dass keen/keng Schüler*in benodeelegt war a vergiess gouf. Sou begréisse mer Initiativen déi geholl goufe wei zum Beispill déi organiséiert Nohëllef. Mir hannerfroen awer och plus value fir déi läscht zwou Wochen A a B Klassen ze mësche virun der Summervakanz mat der Begrënnung ënnerenanerem, dass Schüler*innen soss op der Streck bleiwen. Déi Mesuren déi geholl goufen dass keen op der Streck bléift hunn misse schonn éischter wei 2 Woche virun der Vakanz gräifen, soss hätten Alternativen éischter proposéiert kenne gi falls ze vill Schüler*innen benodeelegt gewiergt wieren. Méiglechkeet an 2 Wochen alles nozehuelen an dëst duerch d'Mëschen vun den Klassen zëreechen ass fragwürdeg. Sou gouf och d'Zesummesetze vun de Klassen, vun allen Säite kritiséiert ënner anerem och vum organisatoreschen Opwand hier, mee Schüler*innen selwer hunn net duerno gefrot a plus value schéngt net garantéiert gewiergt ze sinn am Nachhinein.

 

Suggestiounen:

- Et wier interessant gewiergt en Site ze hunn wou Schüler*inenn sech kéinte melle fir ze signaliséiere wann eppes net geklappt huet an de Schoule bei der Ëmsetzung vun de Mesuren

- Psychologesche Support an de Schoulen och no der Corona Zäit ubidden telefonesch an face-à-face wann méiglech

- Et hätt solle méi op Schüler*innen gelauschtert gi bei der Ëmsetzung an Entscheedunge vu verschiddene Mesuren zb. läscht zwou Woche Cour fir Primaner, A+B Mëschung etc.

 

Digitaliséierung

- COVID 19 Kris huet Digitaliséierung an der Schoul en gutt Steckche weiderbruecht an huet och eng Schoul erméiglecht déi ouni digital Tools net méiglech gewiescht wier. Mir als UNEL ënnerstëtzen awer kloer eng Linn dass digital Mesuren net kategoresch sollen traditioneller ersetzen an dass muss gekuckt ginn dass eng Balance fonnt gëtt an gekuckt gëtt wou déi Digital Tools sënnvoll an nëtzlech sinn a wou manner. Et muss och beduecht ginn, dass Alternativen ugebuede gi fir déi Leit déi keng digital Mesurë wëlle benotzen aus diverse Bedenken.

- Doduercher dass all d'Schoulen aus dem Land a Schüler*innen lo digital tools benotzt hunn ass et en gudde Moment fir Feedback ze froe bei Schüler*innen an och Proffen an en Bilan ze maachen iwwert Benotzung an Notze vun digitalen Tools an der Schoul.

- Bei der Digitaliséierung mussen och aner Debate gefouert ginn ënner anerem iwwert Cybersécherheet, Gesetzeslage musse geännert gi fir dass Schüler*innen geschützt sinn, iwwer Dateschutz zb. en Averständnis sech filmen ze loossen, Lagerunge vun den Donnéeën, Wien Accès op déi Donnéeën huet  an nach villes méi muss beduecht an diskutéiert ginn.

 

Suggestiounen:

- Et muss en Debat gefouert ginn zesumme mat de Schüler*innen a Proffe wou an op digital Tools sënnvoll sinn, wei anwiefern se solle genotzt ginn an der Schoul an Zukunft.

- En Bilan ze maachen an all Schüler*innen an Proffen zu Digitalen tools befroen

 

Dialoge

- Corona Kris huet och gewisen dass et en anert Paradigmen Verständnis bezüglech dem Wuert Dialoge gëtt. Vill Gewerkschaften ënner anerem och d'UNEL hunn den Dialoge kritiséiert mam Ministère de bezüglech der UNEL inexistent war vu Säite vum MENJE aus. Dëst ass extrem Schued da een do leider huet missen iwwert Press fueren am Platz konstruktiv Echangen ze hunn an den Input ënnerzebréngen dee mer vu Schüler*inenn kruten. Mat all aner Ministère huet dësen Echange extrem gutt geklappt vun a mir soen do och all Ministère Merci. Wat och vun anere Gewerkschafte kritiséiert gouf ass dass een als Gewerkschaft en Expert ass an een direkte Kontakt huet zu deene Gruppen déi ee vertrëtt, soudatt déi generell Opfaassung vun Dialoge war: matagebonnen ze ginn am Entscheedungsprozess, consultéiert ze ginn an eng Kompromëssbereetschaft vu Säite vum Ministère ze hunn fir Saachen auszeschaffen, wat leider net de Fall war.

- An dëser Krisesituatioun huet een awer och gesinn dass Gewerkschaften zesumme gehalen hunn an och konstruktiv zesummegeschafft hunn, wat mir als UNEL immens appreciéiert hunn.

 

Suggestiounen:

- Gewerkschafte vun Ufank un consultéieren a matabannen am Entscheedungsprozess an net just informéieren.