UNEL

Last updated: 09.06.20

Dat neit Stagegesetz trëtt ab dem 09.06.20 a Kraaft no engem 2,5 järechen Prozess. Dëst Website déngt der Informatioun an der Opklärung, béi weideren Froen kontaktéiert w.e.g This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.. Mir schaffen och momentan un enger Englescher versioun (At the moment, we are working on an English version of the website)

 

 ENG KLENG STAGEGESETZ TIMELINE:

 

 
2018

 

19.03.18 gouf Gesetz deposéiert nodeems et mat der ACEL an dem deemolegen Aarbechtsminister Nicolas Schmit ausgeschafft gouf wou Bezuelung vun obligatoreschen Stagen vun der Uni aus nach fakultativ waren

- 02.05-21.06.18 Divers Avisen vun den Chamberen goufen publizéiert déi Punkten kritiséiert hunn, ënnert anerem dass Bezuelung vun den Stagen fakultativ ass an aner Gewerkschaften net consultéiert goufen beim Gesetzesentworf, dat hat UNEL och kritiséiert déi net mat an den Prozess agebonnen goufen

- 03.05.18 Avis UNEL Stagegesetz wou eis Kritikpunkten an Fuerderungen drastinn

16.07.18 Amendements gouvernementaux goufen proposéiert wou d'maximal Dauer vun Stagen op 6 Méint verréngert gouf am platz 12 Méint an eng Limite gesat gouf wéi vill Stagiairen an Entreprisen kënnen geholl ginn. Weiderhin goufen Qualitéitcritèren an d'Bezuelung net thematiséiert.

- 22.08.18 UNEL Stagenkiermes fir mat enger Aktioun op d'Ongerechtegkeeten hinzeweisen déi Stagegesetz kann matsechbrengen Bericht RTL UNEL Stagen Kiermes

14.10.18 Néi Walen en néien Aarbechtsminister gouf gewielt den Dan Kersch an huet den Dossier iwwerholl 

- Souwuel bei der ACEL wei bei der UNEL gouf en néien Kommitee an eng néi Groupe de Co-ordination gewielt déi dësen Dossier iwwerholl hunn 

 

2019 

 

- Am Joer 2019 goufen vill Entrevuen mat diversen Partner gefouert ënner anerem och en Austausch mam Minister am Februar an mir zielen der puer op.

- 26.02.19 Pressecommuniqué UNEL no der Entrevue mam Minister deen eis Punkten resuméiert

- 07.03.19 Entrevue UNEL an UEL (Union des Entreprises du Luxembourg)

- 09.03.19 Entrevue ACEL an UNEL

- 07.05.19 Gemeinsamen Pressecommuniqué mat der CSL (Chambre des Salariés du Luxembourg), Student Delegation vun der University of Luxembourg, ACEL an UNEL 

- 21.05.19 Kompromëssakkord zwechent Ministère, UEL, CSL, ACEL & UNEL 

- 30.07.19 Amendements gouvernementaux wou den Kompromëss iwwerholl gouf 

 

2020

 

- 23.01.20 Chamber TV Reportage iwwert Stagen mam Député Georges Engel,  Madame Bénédicte Schmeer vun der Chambre de Commerce an Pressespriecherin Vicky Reichling vun der UNEL

- 03.10-14.05 Divers Aarbechtskommissiouns Sëtzungen 

- 20.05.20 Gesetz 7265 gouf gestëmmt an der Chamber an Chamberssëtzung ass hei ze fannen

- 09.06.20 Trëtt et a Kraaft nodeems et vum Grand-Duc ënnerschriwwen an op Legilux verëffentlecht gouf

 

 DAT NÉIT STAGEGESETZ 7265:

 

Stagen déi leider duercht Amendement vum Artikel 152.2 erausgeholl goufen sinn: 

"Sont à considérer comme stages au sens de la présente section les stages qui font partie intégrante de la formation conformément au programme de l’établissement d’enseignement luxembourgeois ou étranger, à l’exclusion des stages obligatoires effectués dans le cadre de la formation professionnelle, de l’orientation scolaire ou professionnelle ou dune formation spécifique en vue de l’accès à une profession régie par des dispositions légales ou réglementaires."

Dëst gouf net festgehalen am Kompromëss an d'UNEL huet sech och dogéint ausgeschwat an dëst och kritiséiert an eisem Pressecomuniqué 20.05.20. Leider sinn doduercher formation professionnelle rausgeholl, Infirmier*ièren an weider reglementéiert Beruffer ënner aanerem am Santésberäich. Lëscht vun den reglementéierten Beruffer ass hei ze fannen: Lëscht reglementéiert Beruffer. Mat orientation scolaire ou professionnelle sinn Schnupperstagen gemengt dëst ass och nozeliesen am Rapport vun der Commission de Travail an an der Chambersëtzung.

Mir hoffen dass Patrons de stage trotzdeem hier Stagiairen bezuelen ab 4 Wochen bei Stagen déi rausgeholl goufen, dat ass natierlech nach méiglech och wann et net obligatoresch ass. 

- All Stage muss ab 4 Wochen bezuelt ginn ënner 4 Wochen ass d'Bezuelung fakultativ awer méiglech

- Dës Summen leeën den Minimum fest deen een muss kréien, natierlech kënnen Patrons de stage den Stagiairen och méi bezuelen

Obligatoresch Stagen:  déi een vun der Universitéit muss maachen do huet een Recht op 30% vum Mindestloun ab 4 Wochen

Fakultativ Stagen:                     

  • Ënner 3 Méint, (4-12 Wochen): 40% Mindestloun
  • Iwwer 3 Méint, (12-26 Wochen): 75% Mindestloun

- No engem Bachelor Diplom: Qualifizéierten Mindestloun gëtt als Basis geholl fir ze rechnen 

- Schnupperstagen sinn oft ënner 4 Wochen, ginn net bezuelt an goufen spezifesch rausgeholl aus dem Gesetz

 

- Stagen sollen en informative Charakter hunn an der Orientatioun oder der formation professionelle dengen, en Stagiaire dierf keen Salarié ersetzen, déi selwecht Tâchen an d'Aarbeschtslaascht droen an dierf och net genotzt ginn fir feelend oder krank Salariéen ze remplacéieren 

- Stagen sinn méiglech fir sech z'orientéieren zwechent Secondaire Ofschloss an Bachelorstudium an zwechent Bachelor an Masterstudium vun maximum 6 Méint wärend engem Joer nodeems een en Diplom krut

- Stage en cascade déi ëmmer verlängert ginn an mat deenen een eng Bezuelung kann ëmgoen sinn net am Sënn vum Gesetz an sinn verbueden 

- Stage no engem Master Diplom sinn net méi méiglech do soll een en CDD oder CDI proposéiert kréien 

- Fakultativ Stagen kënnen maximum 6 Méint gemaach ginn bei engem Patron op enger Gesamtzäit vun 2 Joer (24 Méint)

- Den Patron de Stage muss en Regëster vun den Stagen féieren deen zu all Moment vun der l’Inspection du travail et des mines kann ugefrot ginn. 

- Stagiairen dierfen net méi wéi 10% vum effektiv vun enger Entreprise ausmaachen, bei Entreprisen wou manner wéi 10 Salariés schaffen kann maximum een Stage gemaach ginn. Dës Limitatiounen sinn net applizéiert wärend der Period vum 01.07-30.09

 

- All Stagiaire huet en Recht op en Tuteur deem seng Roll et ass, z'erméiglechen dass den Stagiaire sech gutt an d'Entreprise kann integréieren, en reegelméissegen Suivi assuréiert, op Froen äntwert an den Stagiaire begleet an ënnerstëtzt. Zum Schluss vun Stagen ab 4 Wochen, muss eng Art Bilan gemaach ginn, natierlech kënnen weider Bilans och zousätzlech wärend dem Stage gemaach ginn.

- All Stage brauch eng convention de stage déi muss ënnerschriwwen ginn zwechent Stagiaire, Patron de stage an bei obligatoreschen Stagen och vun der Universitéit

- Stagen fir temp-partiel sinn och lo méiglech, maximal Dauer vum Stage gëtt an Stonnen ausgedréckt an d'Bezuelung ass d'selwecht gereegelt wéi bei den aneren Stagen