UNEL

 

 

  • Käschte wéi se ursprénglech am Gesetz 6670 fir d'Studiebäihëllefe geplangt woren: 109 Mio. € pro Joer [1]
  • Souwuel den Aktiounscomité 6670 wéi och d'Chambre des Salariés weisen drop hin, dat d'Berechnunge vum Budget op falschen Zuele bei de Revenuë fir d'bourse sociale' sinn. [2]
  • No dem Opweise vum Berechnungsfehler verännert de Ministère d'Reform a gëtt méi Suen aus. Amplaz lo awer aner Zuelen zur Berechnung ze huele gëtt de Minister Meisch un "16 Mio. € méi op den Dësch ze leeën", an domat lo insgesamt 125 Mio. € auszeginn. [3]
  • Den Aktiounscomité hannerfreet des nei Zuelen a seet, de Ministere géif mat deenen zousätzleche Verännerunge schlussendlech lo réischt souvill ausgi wéi ugangs geplangt wor, an zwar 109 Mio. €. [4]
  • An d'Chamber kennt d'Gesetz da mat Ausgaben déi d'Simone Beissel op 120 Mio. € [5] beziffert den 10.07.2014 gestemmt.
  • Am "Budget 2015" gi fir d'Studiebäihëllefe schlussendlech awer just 110 Mio. € virgesinn an de 17.12.2014 gestemmt. [6]
  • Am Hierscht 2015 leien éischt Zuele vun de realen Ausgabe fir d'Studiebäihëllefe fir, se hu schlussendlech fir een akademescht Joer 91,4 Mio. € kascht. [7]
  • De Budget 2016 gett deposéiert, fir 2016 si just nach 104 Mio. € virgesinn [8]
  • De Staatssekretär Marc Hansen kënnegt un, d'Studiebäihëllefen "substantiell" ze verbesseren a proposéiert Verännerungen déi de Ministère op 10,2 Mio. € méi beziffert - falls de Montant zoutrëfft also insgesamt 101,6 Mio. € d'Joer. [9]

De Ministère verbreet also schonn déi zweete Kéier d'Fehlinformatioun vun enger "substantieller Erhéigung" vun der Aide Financière. Fakt ass, dat de Ministere selwer ëmmer nees falsch Schätzungen [10] opgestallt huet an da mat enger Erhéigung, déi awer ënnert dem eigentlech geplangte Montant zeréckbleiwen, d'Öffentlechkeet blendt. Et gett sech u kengem Moment um "Bedarf vum Studéirenden" orientéiert, mä reng finanzpolitesch gehandelt.
De Ministère geet bei de Berechnungen extremst ontransparent fir, sou datt et als Externen meiglechst schweier ass fir sech een eegent Bild vun den Zuelen ze maachen. Och elo weist d'UNEL drop hin dat sech wahrscheinlech d'Mobilitéits- an d'Sozialbourse géigesäiteg ausschléissen - et kann een also weder vun enger "sozial gerechter Reform" nach vun enger "bedarfsorientéierter" Reform schwätzen: Kritären, déi sech d'Regierung awer selwer ginn hat an och lo ëmmer widderhëlt.


[1] Deposéiert éischt Versioun vum Gesetz (Säit 12)
[2] Avis vun der chambre des salaries (ab Säit 10)
[3] http://www.lessentiel.lu/de/news/luxemburg/story/21179435
[4] Kommentar Aktiounskomitee 6670 zu den "Erhéigungen"
[5] http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/MergeServlet?lot=C-2013-U-032-0004
[6] - Budget 2014 (PdL 6666) gesäit 143.8 Mio € fir 2014 fir: dat éischt Semester no alem, dat zweet no neiem Systeem berechent. (Säit 210 vum PDF)
- Budget 2015 (PdL 6720) hält provisoresch fest, dat 2013 130.4 Mio. € ausgi goufen, fir 2014 der 143.8 geplangt wieren an stellt 110.0 Mio € zum Vote fir 2015 (Säit 222 am PDF)
[7] http://www.wort.lu/de/politik/studienbeihilfen-2014-15-einsparungen-im-millionenbereich-56040c310c88b46a8ce60e0d
[8] Budget 2016 (PdL 6900) gett un, dat 2014 tatsächlech just 131.289.275 € fir d'Aide financiere ausgi goufen, nach dobäi gett en un, dat fir 2015 110 Mio € gewielt goufen an fir 2016 104 Mio € virgesi goufen. (Säit 210 vum PDF)
[9] https://www.100komma7.lu/podcast/119305
[10] Verwonnerlech ass, dat déi falsch Berechnung vum Ministere net bei der Unzuel u Student*inne leien: do woren Schätzungen vum Ministere korrekt (PdL 6670 gesäit fir: Residents: 16.000 Persounen / Frontaliers: 9.000 Persounen an 2014/15 woren et
Residents: 16.358 Persounen / Frontaliers: 9.236 Persounen).