UNEL

                                                                                                      08.03.18

UNEL Propositiounen Loi 7265: Stagen

Dëst Dokument ass geduecht als guidance text, dat eis Haaptpunkten resuméiert an erkläert déi mer elo kierzlech publizéiert hunn.

Hei nach puer Informatiounen zum Stagengesetz, et gouf am Mäerz 2018 proposéiert vum alen Aarbechts Minister an der ACEL. Leider goufen vill politesch Acteuren net gefrot, wéi zum Beispill Gewerkschaften (zb. OGBL) awer och d’UNEL. Des Gesetzespropose gouf kritiséiert vun diversen Acteuren, wat och géing erklären firwat et och no bal engem Joer nach ëmmer net gestëmmt gouf, et waren och Wahlen an en néien Minister ass elo zoustänneg fir d’Gesetz. Mir als UNEL fannen d’Initiativ gutt fir en legalen Kader ze schafen fir d’Stagen well et elo en vide juridique gëtt. Mee, mir sinn net averstanen mam Gesetz an senger initialer Form well et d’Ausnotzung vun Stagiairen erméiglecht zb als bëlleg Aarbechtskraaft, et erhéicht den Risiko fir Jonker an d’Aarmut ze falen, d'Qualitéit vun Stagen gëtt net garantéiert an et feelt un spezifeschen Detailer fir Schüler*innen an Studéirender. Dofir wëllen mer d’Gesetz nach änneren, hunn néi Proposen an treffen eis mat diversen politeschen Acteuren ënner anerem och mam Minister hunn mer eis den 25.02 getraff.

Eis Zieler bei dësem Gesetz sinn:

  • D’Prekaritéit vun Studéirender z’evitéieren an Qualitéit vun Stagen ze garantéieren
  • D’Ausbeutung vun Studéirender/Schüler*innen net z’erméiglechen
  • Accès op qualitativ Stageplazen ze garantéieren
  • Orientatioun z’erméiglechen fir Studéirdener an Schüler*innen

 

 Eis Argumentatiounen fir Bezuelung ass:

  • En Stagiaire ass eng plus value fir en Patron an muss bezuelt ginn, dëst gesäit den Staat och an doduercher dass am Gesetz proposéiert gëtt fir fräiwëlleg Stagen ze bezuelen. Dofir gesinn mir keen Grond eng Differenz ze maachen zweschent fakultativen an obligatoresch Stagen an der Bezuelung
  • En Stagiaire ass keen Ersatz fir eng bëlleg Aarbechtskraaft an dierf och net en*g Aarbechter*in ersätzen, dofir kritt een net den ganzen Mindestloun
  • Déi Stagiairen déi:

                                      Een ontypeschen Parcours hunn

                                      Auslänner sinn

                                      Stage mussen maachen wärend der Vakanz

 kréien iergendwann keng Bourse méi, sinn net eligibel fir eng Bourse oder kënnen wärend der Vakanz net schaffen goen an dat féiert dozou, dass wann si net bezuelt ginn, de Risiko fir an d’Prekaritéit ze falen, méi grouss gëtt, zemools well se mussen Loyer zu Lëtzebuerg bezuelen. Dëst gellt och fir Lëtzebuerger Studéirender déi wéinst familiäre Grënn net kënnen op finanziell Ënnerstëtzung zielen

  • Duerch d’Bezuelung gëtt Qualitéit vun Stagen och méi geséchert well den Patron eng Investitioun mécht
  • Studien hu gewisen, dass d’Bezuelen vu Stagiairen divers positiv Auswierkungen huet (verschiddener kennt der an eisem Avis fannen vum Mee 2018)

 

Proposen fir d’Bezuelung:

 

Obligatoresch Stagen

Fakultativ Stagen

Original Gesetzespropose

   

1-3 Méint

Keng Bezuelung

⅓ onqualifizéierten Mindestloun*

3 + Méint

Keng Bezuelung

½  onqualifizéierten Mindestloun

 

 

Obligatoresch Stagen

Fakultativ Stagen

UNEL Propose

Bachelor

Master

Bachelor

Master

1-3 Méint

½ onqualifizéierten Mindestloun

½ qualifizéierten Mindestloun *

½ onqualifizéierten Mindestloun

½ qualifizéierten Mindestloun

3 + Méint

⅔ onqualifizéierten Mindestloun

⅔ qualifizéierten Mindestloun

⅔ onqualifizéierten Mindestloun

⅔ qualifizéierten Mindestloun


                                           *  - onqualifizéierten Mindestloun (01.19): 2.071,10€

                                               - qualifizéierten Mindestloun (01.19): 2.485,32€

 

Eis Argumentatioun fir Accès op Stagen ass:

Differenzéieren an der Bezuelung zweschent obligatoreschen an fakultativen Stagen huet och Auswierkungen op den Accès an féiert dozou dass:

  • Den Accès op Stagenplazen fir Leit déi fakultativ Stagen wëllen maachen verréngert gëtt, well een obligatoresch Stagen net bezuelen muss.
  • Leit déi  wärend hirem Studium keng Stagen mussen maachen benodeelegt ginn well et duerch eng ongläich Bezuelung méi schwéier ass fir déi Persounen Stageplazen ze fannen
  • Eng Situatioun géing kreéiert ginn wei an Däitschland wou renomméiert Stageplazen just oppen sinn fir spezifesch Studiëgäng an onbezuelt sinn (zb Bundestag)

 

Wei garantéieren mir Accès?

  • Patronen vun klengen an mëttelstännegen Entreprisen kënne Hëllef ufroen wou d’Halschent vum Salaire iwwerholl gëtt vum Staat
  • Sensibiliséierungscampagnen bei den Patronen, fir Stagen unzebidden zumools fir Léit déi mussen obligatoresch Stagen maachen
  • Abezuelen an d’Pensiounskeess an d’Krankekeess wou parts patronalen vum Staat iwwerholl ginn déi normalerweis vum Patron mussen gedroen ginn
  • Méiglechkeet en Stage ze maachen deen temps-partiel ass (min 16h-39h pro Woch) mat adaptéierter Bezuelung wat et erëm méi wahrscheinlech mëscht datt kleng bis mëttelstänneg Entreprisen Stagiairen kennen huelen
  • Stagen am sozialen Beraich sollen garantéiert ginn, andeem an den Conventiounen zweschen Staat an Asblen festgeluecht gett, dass eng Mindestunzuel un Stageplaatzen ugebueden muss ginn

 

Wei garantéieren mer Qualitéit?

  • D’Aféierung vun Tuteuren déi Stagiairen betreien, d’Kloerstellen vun hieren Tâchen (Encadrement vum Stagiaire, Bilans, Verbesserungsvirschléi etc.), wat virdrun net de Fall war, an d’Méiglechkeet Tuteuren ze forméieren iwwert d’ADEM
  • Duerscht Bezuelung investéiert den Patron an et ass méi warscheinlech dass Qualitéit garantéiert gett vum Stage
  • Duersch d’convention de stage wou d’Rechter vun Stagiairen dra geschriwwen ginn an d’Ausnotzung évitéiert gëtt
  • Definéiert Feedback-Méiglechkeeten no 1 Mount an nom Stage (Stagen zweschent 1-3 Méint do ass den eichten Feedback no 1/3 vun der Zäit vum Stage)

 

Denken mir och un d’Zukunft?

Mir fuerderen dass an d’Pensiounskees abezuelt gëtt well Jugendlecher ëmmer méi spéit ufänken mat schaffen an et muss een fréi ufänken mat abezuelen an parts patronales sollen vum Staat iwwerholl ginn

 

Aner Saachen fir Studéirender:

  • Wann een no engem Stage sollt agestallt ginn vun engem Patron, dann kennt een automatesch an eng Proufzäit (Période d’essai), déi sollt dann em d’halschent vun der Zäit vum Stage gekierzt ginn. Zum Beispill: Wann een agestallt gëtt no engem Stage vun 2 Méint, dann gëtt Proufzäit vun 6 Méint em 1 Mount gekierzt. Bedeit et huet een dann 5 Méint Proufzäit an net mei 6 Méint
  • Mir wëllen gären dem alen Minister säin Amendement änneren, dass et soll méiglech sinn zweschent Bachelor an Master en Stage ze maachen vun Maximum 6 Méint, wou dann och den qualifizéierten Mindestloun geholl gëtt fir d’Kalkulatioun, well een jo eng Qualifikatioun huet: en Bachelor oder senges gläichen
  • Mir wëllen et erméiglechen dass een méi Stagen kann maachen während dem Studium: Stagen all 2 Joer beim selwechten Patron, all Joer Stagen vun maximum 6 Méint sinn méiglech, déi een bei engem Patron kann maachen awer net muss
  • Convention de stage kann eng Kéier verlängert ginn an dann muss den Patron 3 Méint warden fir rem eng Convention ze verlängeren fir Abus ze verhënneren
  • An der Convention de stage steet dran op Iwwerstonnen méiglech sinn an wéi dat gereegelt gëtt an op d’Convention de stage verlängert kann ginn

 

Spezifesch fir Schüler*innen:

Schüler*innen spezifesch fuerderen mer en ganzt neit Kapitel well dat net kloer formuléiert war am alen Gesetz an well et en Ënnerscheed gëtt zweschent Schüler*innen Stagen an Studéirender.  Et ass wichteg ze betounen dass alles wat ënnert Formation Professionelle fällt NET an dësem Gesetz firkennt well et an engem aneren Deel gereegelt ass!! 

Studéirender an Schüler*innen Jobs wärend de Schoulvakanzen

Ee Studentenjob ass schonn eng Aarbecht an dofir soll des och an Pensiounskeess abezuelt ginn parts patronales sollen vum Staat iwwerholl ginn.

Schüler*innen Stagen

  • Stagen fir Schüler*innen sinn méiglech; obligatoresch vun der Schoul aus an op fräiwëlleger Basis, mee et   sinn normalerweis Schnupperstagen. D’Dauer vun desen Stagen ass maximum 6 Méint an engem Joer ausser wann d’Schoul méi laang firgeséit. Mir fuerderen weinst der Natur vun desen Stagen eng fräiwëlleg Bezuelung, mee wann een en Stage mecht dann huet een zousätzlech Ausgaben, dofir sollen d’Iessenskäschten iwwerholl ginn (allocations de repas an den Accès an d’Kantin), Transportkäschten faalen keng un well dësem gratis ass.
  • No dem Ofschlossdiplom kennen d’Schüler*innen 6 Méint wärend engem Joer en Stage maachen fir d’Orientatioun, wann se net den Statut vun Studéirenden oder Aarbechter an der Tëschenzäit kruten. Dat erméiglecht och Stagen ze maachen déi een brauch fir sech op d’Universitéiten anzeschreiwen (zb. An der Kiné oder Sozialwëssenschaften)
  • Schüler*innen sollen wärend hirem Stage och vun engem Tuteur encadréiert ginn, sou dass d’Qualitéit vum Stage garantéiert kann ginn

Héi ass den Link zum Dokument als pdf: 

http://www.unel.lu/images/pdf/Guidance-loi-7265.pdf