UNEL

 

Last updated: 12.11

An English Version is also available please click here

Des Säit ass geduecht fir all Informatioun ze regruppéieren iwwert Corona an den Impakt op den Secondaire an d'Héischoul. Sie gëtt all Dag geupdated. Wann dir Informatiounen oder Initiaitven hutt déi dir nach net ob dëser Säit gesitt dann schreift eis iwwer FB oder ob des Mail This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. 

WICHTEG! Härtefallantrag Covid-19 fir Bourse  Informatiounen op dir eng extra Bourse kënnt ufroen an wei eng Dokumenter der dofir bréicht fannt der hei op eisem Infogramm Härtefallantrag

 

NEWS! No engem Austausch mat der UNEL wäert d'Universitéit zu Lëtzebuerg momentan keng Videosurveillance Software benotzen bei den Examen. UNEL Pressekommuniqué an Matdeelung vun der Universitéit vum 05.06 

 

Opruff! D'UNEL rifft Schüler*innen vun den Ofschlossklassen op hieren Choix selwer ze treffen an wann se Bedenken hunn doheem ze bléiwen déi Woch vum 04-08 Mee. Proffegewerkschaft SEW/OGBL rifft d'Proffen op Schüler*innen NET ze SANKTIONÉIEREN wann se net physech present sinn Gemeinsamen Pressecommuniqué 04.05

 

NEWS! Hei ass en historeschen Pressecommuniqué vun de nationalen Bildungsvertrieder déi fuerderen dass Ofschlussklassen fakultativ sollen kënnen an Schoul goen an och weider wichteg Froen opgréifen vum 28.04 Gemeinsamen Pressecommuniqué national Bildungsvertrieder

 

NEWS! Hei sinn gemeinsam Fuerderungen vun der UNEL an der Proffengewerkschaft SEW/OGBL vum 24.04 Avis UNEL & SEW/OGBL

 

WICHTEG! D'DEADLINE war den 24.03 um 24h dass ALL Santés Studéirenden an/och Leit déi an dem Beräich schaffen (Ausnahmen stinn um Site), sech ob dëser Säit vum Ministère aschreiwen sollten. Falls een dat nach net gemach huet, soll een dat sou séier wéi méiglech maachen. Den Ministère mecht eng Lëscht vun Leit déi kënnen aktivéiert ginn falls néideg während der Sanitärerskris. Säit: Aschréiwung Gov Jobs

 


Secondaire:

 

Matdeelung vum 09.11, A an B Wochen sinn vum Dësch et soll sou gemach ginn dass Klass kéint opgedeelt ginn an dass een Deel an der Schoul enneriicht gëtt an den Cour wärenddem gelivestreamed gëtt fir den aaneren Deel vun der Klass. Vum 16.11 un, kann een sech 6 Deeg nom Isolement an der Schoul testen lossen wann een en positiven Fall an der Klass hat.  

 

Generell Informatiounen Rentré 2020:

 
Den 05.09 huet den Minister Meisch eng Pressekonferenz 05.09 gehaalen mat der Strategie fir Schoultrentrée en resumé ass hei ze fannen. 
 
Insgesamt: 
 
Schoulen kreien mei Responsabilitéiten an kennen selwer entscheeden: 
  • Op Mask och am cour muss ugehalen ginn oder net
  • Ob se Klassen ab 4ieme deels emswitchen op homeschooling mat live streams oder net an wei dat ausgeseit an och op spezifesch Schüler*inenn kennen homeschooling maachen oder net. Ab 4ième well oft klassen mei grouss sinn an der moyenne 25 leit an enger klass sinn. Fir den Homeschooling z'ermeiglechen huet den Ministère 15500 tablets and laptopen bestallt.
Ennert strenger anhalung vun sanitären mesuren wäertend schoulen:
  • Erem normal Schoul horairen kreien
  • Sport unterrecht stattfannen mask un bis den unterrecht stattfennt an mask och am vestiaire un, an den dusche kann een se ausdinn 
  • Kantinen opgoen mee optioun vun der frupstuut bleift am lycee bestoen. Net mei wei 10 leit um dech, keen self service an masken un dinn wann een circuleiert 
  • Masken mussen net wärend prüfungen gedroen ginn
Sanitär Mesuren:
  • Mask un bis am cour
  • 1,5 m ofstand
  • Muss mei an den schoulen gelefft ginn zitat: Leften, Leften Leften
  • An den pausen mussen och sanitär mossnahmen agehalen ginn
  • Couren am freien ginn prefereiert wann meiglech 
Testen:
  • All schüler*inn an enseignanten kennen sech virun der rentrée fraiwelleg testen lossen
  • Mesuren sollen mei spezifesch un schoulen ugepasst ginn
  • An schoulen wou mei corona fäll sinn wäert mei getest ginn
  • Mobil test statiounen ginn considereiert  
  • Tester dei veruerdnet ginn vun der santé an enger quarantän fir ze kuken op een den virus an sech dreit sinn net fraiwelleg ausser et wart een bis sou vill zeit vergangen ass dass een den virus net kann an sech droen
Isolatioun/Quarantän:
  • wann en*g schüler*inn positiv getest gett oder symptomer huet awer den infizeirungsherd isoleiert ass also dass dei persoun sech net an der schoul ugestach huet. Ginn Dei leit dei direkte kontakt haaten an der schoul isoleiert mee net an eng quarantäne gesaat. Keng kantine, keng optiounsfächer, mundschutz etc fir dei schüler*innen. No engem negativen test kennen dei schüler*innen erem normal an schoul integreieet ginn
  • Wann mei schüler*innen positiv sinn an et onkloer ass wou den infizeirungsherd ass. Ginn dann zousätzlech quarantänen agefouert fir dei leit dei kontakt haaten an bei engem negativen test kennen ae erem normal an schoul integreiert ginn
  • Wann et zu infektiounsketten an schoulen kennt ginn klassen en quarantän gesaat an villaicht zousätzlech mesuren geholl um schoulechen niveau
 

Generell Informatiounen 2019 (Et ginn News 20.06)

!!!SCHOULEN BLEIWEN BIS DEN 10.05 ZOU!!!!1ière, 13ième & BTS terminale fänken ërem

den 04.05 un!!! Dëst gëllt och fir BTS terminale Stagen

Gouf den 16.04 matgedeelt

  • Den 19.06 huet den Minister Meisch eng Pressekonferenz gehalen: Pressekonferenz 19.06 fir nei Déconfinements Proposen virzestellen. Klassen ginn elo am secondaire an am fondamentale ërem gemëscht virun der Summervakanz an et wäerten keng A & B Klassen méi ginn. Och wärten Gruppen gegrënnt ginn vun 5 Léit bei Enseignants an Schüler*innen an all Woch gëtt eng aaner Persoun vun der Grupp kontatkéiert an opgeruff sech testen ze lossen. 
  • Progressivt opgoen vun den Schoulen 1ière, 13ième an BTS terminale fir d'éicht den 04.05. Duerno den Secondaire (all aaner Klassen och BTS Klassen) 11.05, dann Primaire Schoulen an Crèchen den 25.05
  • Den 16.04 huet den Minister Meisch eng Pressekonferenz gehalen: Pressekonferenz Meisch fir en Update ze ginn iwwert Situatioun fir den secondaire. Klassen ginn halbéiert an opgedeelt an 2 Gruppe. Léier Grupp: 1 Woch ass eng Grupp physesch an der Schoul déi Prüfungen schréift annéi matière léiert  Übungsgrupp: während déi aaner Grupp eng Übungswoch doheem huet (Homeschooling) an Exerciser mëcht fir matière ze verdéiwen. All Woch gëtt dann gewiesselt
  • Datumer fir Prüfungen bleiwen
  • Risiko Schüler*innen oder Enseignants BLÉIWEN WEIDER DOHEEM als Viirsichtsmossnahm. Couren sollen all gelivestreamt ginn dass all Persoun Acces op Couren huet
  • Hygiene: Den MUNDSCHUTZ wärt OBLIGATORESCH sinn fir vun doheem an d'Schoul ze kommen (Schüler*innen Transport & an bis an Klass) MEE en ass NET OBLIGATORESCH an der Klass. Schüler*innen kënnen  den Mundschutz natierlech awer unhaalen wann se wëllen. Den Ministère verdeelt 2 Masken/Bouffen un all Schüler*inn an Enseignant virum Schoulstart. Mëttlerweil kritt all Schüler*inn iwwer 16 Joer 50 Masken 18.05  Schüler*innen sollen sech all Stonn d'Hänn désinfizéiren. Gruppen sollen sech NET VERMËSCHEN!!! Schüler*innen sollen béi hierer Grupp bléiwen. Dofir sinn KANTINEN ZOU!! Et wärt reguléiert ginn wei Circulatioun an der Schoul vun den Schüler*innen ass. Eng PAUS wäert stattfannen MEE VERSAAT! Schüler*innen däerfen rausgoen
  • Falls Schüler*innen oder Enseignants Corona Symptomer hätten dann ginn spezifesch Leit an hiert direkt Ëmfeld getest an dann je no Resultat an Quarantäne gesaat. Ganz Klassen sollen net an Quarantäne gesaat ginn
  • Den Horaire vun der Schoul gëtt ugepasst
  • ALL SPORTSUNTERRICHT ASS OFGESOOT
  • Den 15.04 huet den Premier Bettel matgedeelt dass den 11.05 den Secondaire ërem opgeet. Schüler*innen géifen an Gruppen agedeelt ginn an dann géif eng Grupp doheem schaffen (homeschooling) während déi aaner an der Schoul ass, et géif dann alteréiert ginn. 1ière, 13ième an BTS terminale fänken den 04.05 ërem un (10min) Bettel Pressekonferenz
  • Den 02.04 huet den Minister Meisch an enger Pressekonferenz néi Detailer verëffentlecht iwwert d'Virgoen an Mesuren an den nächsten Wochen. Pressekonferenz fënnt een hei: Pressekonferenz Meisch an den Ministère huet och en Dokument gemaach: Dokument Update Schoulen 02.04
  • Schoulen bleiwen bis den 04.05 inclus zou; et gëtt eng Reevaluatioun vun der Situatioun gemaach an dann gekuckt awer Schouljoer gëtt egalwéi ofgeschloss. Et gëtt sech op dat essentiellt fokusséiert, et kann sinn dass net alles an all Matière traitéiert gëtt an et gëtt gekuckt dass keen sollt benodeelegt ginn béi der Rentrée 2021
  • Schoulstruktur gëtt verännert et ginn keng Trimesteren méi, mee Trimesteren ginn an Semesteren ëmgewandelt: 1 Trimester --> 1 Semester an 2-3 Trimester --> 2 Semester. Dat éischt Semester zielt fir 50% an Semester 2 (Trimester 2-3) gëllt fir 50% vun der note annuelle
  • Prüfungen(ausser Terminale Klassen): 
    • Sproochefächer, Mathematik & Fächer vun der Spezialisatioun:
      • Evaluation Formative: Prüfungen kënnen gemach ginn fir Feedback ze ginn mee sie zielen net
      • Evaluation Certificative: Dat kënnt wann Schüler*innen rëm an der Schoul sinn, dann ginn  Prüfungen nogeholl
    • Aner Fächer: Et sollten extra Projeten/Aufgaben un Schüler*innen weidegeleet ginn déi ginn evaluéiert no der 1 Woch wann Schoul rëm ugefangen huet an nodeems en Kontakt war zweschent Proff an Schüler*in. Vun 7ième-2ième kann een déi schlechste Note vum 2 Semester (2-3 Trimester) raushuelen déi net consideréiert gëtt béi de Moyenne, dat sollt och erméiglechen dass een op déi Sektiounen an Spezialisatiounen kann orientéiert ginn wou een wéilt hin goen
  • Nohëllef: Méi Stonnen sinn virgesinn fir den Appui, och soll den Appui deen normalerweis fir Noexamen ugangs September stattfënnt ausgewéit ginn op Schüler*innen déi gären géifen Matièren nohuelen. Ab dem 06.04 kann een uruffen op der Hotline: 8002 90 90 fir Nohëllef Stonnen ze kréien. No der Ouschtervakanz probéiert den CePAS déi Schüler*innen ze kontaktéieren, déi Problemer hunn mam homeschooling, wou familiär Ëmstänn et net erméiglechen fir nozekommen etc. an och dës Famillen z'encadréier dass en reegelméissegt Matschaffen méiglech ass. Fir Encadrement vun all Schüler*inn ze garantéieren, wäert och eng Beschoulung an der Schoul méiglech sinn béi Ausname Fäll wou et soss keng aner Méiglechkeeten ginn. Kanner déi soss vun engem Kompetenzzenter suivéiert goufen déi sollten och eng Prise en Charge garantéiert kréien an d'Kanner an Elteren sollen begleet ginn
  • Et gëtt momentan net dru geduecht fir Summervakanz ze kierzen
    • Et gëtt eng Website vum Ministère wou een Informatiounen fënnt: schouldoheem.lu (hei ginn och Challenges fir Schüler*innen publizéiert), déi heefegst Froen fennt een hei: Q&A Ministère  an et gëtt och eng Hotline déi een kann uruffen wann een nach Froen huet: 8002 9090 all dag vun 8-16h an weekends vun 9h-12h a vun 13h -16h. Et kann een och en Formulaire schrëftlech ausfëllen wann een keen géif ereechen (ganz eroof scrollen ): Formulaire Helpline

      WICHTEG!! Et ass eng extrem Situatioun fir vill Leit, wann et engem ze vill gëtt mam e-learning, Isolatioun vun Frënn an Kolleegen an ëmmer doheem bléiwen an dir braucht Hëllef oder eng Persoun mat där der schwätzen wëllt, dann rufft Hotline un vum Ministère 8002 90 90 do ass geschoult Personal vum CePAS all Dag vun 8-16h an Weekends vun 9-12h & 13h-16h fir Iech do. Weider Nummeren sinn Kannerjugendtelefon 116 111 oder schrëftlech via Online Formular KJT. Den SOSDétresse 45 45 45 ass all Dag vun 11-23 Auer a Freides an Samschdes d’ganz Nuecht bis 3h zereechen. Méi Infoen: SOS Détresse. Fir Elteren gëtt et den Elterentelefon 26 56 05 55. Et gëtt och en Dokument vum CePAS wou een Tips fënnt wat een kann maachen: CePAS Tips Falls d'häuslesch Ëmstänn sou sinn dass een misst vun doheem fort, Péitrusshaus ass och op wärend der Kris an et kann een hei uruffen: 8002 6002 Säit dem 01.04 gëtt et 7/7 vun 7h-23h och psychologesch Hëllef op der Corona Hotline: 8002 80 80 aus dem Ausland kann een Helpline iwwer des Nummer ereechen: +352 4977 1 9200 Säit dem 07.04 gëtt et och eng Website vum Ministère, spezifesch fir psychologesch Hëllef unzebidden: Covid19psy.lu

  • Et ass keng Vakanz: Wann een net äntwert an net erreechbar ass ouni valabel Excuse, dann ass et wéi wann een Schoul géing schwänzen an dat wäert Konsequenzen hunn. D'Schüler*innen sollen reegelméisseg hier E-mailen kucken an och d'online Plattformen. Sie sollen sech och virschaffen an weider léieren well d'Prüfungen ginn no geholl. Hei fënnt een och Material: www.multi-script.lu
  • Et kann een bei weideren Problemer sech un den Lycée wenden (déi sinn all Dag vun 8h-18h Telefonesch ereeschbar) an och un den Schülerkommitée vun sengem Lycée wenden. Hei ass eng Lëscht Kommitéen an Kontaktdaten, wann ären Schülerkommitée feelt dann sätzt en w.e.g bei oder schréift eis dass mer Lëscht updaten: Lëscht Schülerkommitéen
  • Den Minister Meisch mecht en éichten Bilan iwwert Homeschooling vum 26.03: Bilan Minister Meisch an hei ass och seng Noriicht un Primaner vum 17.03: Youtube Minister Noriicht

 

  • Fir och doheem fit ze bléiwen gëtt et säit dem 03.04 eng Platform vum Ministère: Aktiv Doheem et ginn och puer Initiativen vun Sportsproffen an diversen Lycéen zb. Aline Mayrisch (publizéiren Übungen ob der App) oder Lycée Belval. Et ginn och Übungen gewisen um site vun der LASEP: LASEP Übungen
  • Fir Enseignants, et gëtt eng Säit vum Zentrum fir Politesch Bildung wou Material zur Verfügung gestallt gëtt fir all Klassen. An den nächsten Deeg wäert vill Material nokommen. Säit fënnt een hei: Material Enseignants ZpB et gëtt och eng Initiative fir Kanner vum SNJ, Material fennt een hei: Kanner Doheem an et gëtt och Material fir Musek an Theater vun Mimamu: Material Musek + Theater

Classique:

Fir 1ère: (Et ginn news 16.04)

Protest! D'UNEL rifft Schüler*innen vun den Ofschlossklassen op hieren Choix selwer ze treffen an wann se Bedenken hunn doheem ze bléiwen déi Woch vum 04-08 Mee. Proffegewerkschaft SEW/OGBL rifft d'Proffen op Schüler*innen NET ze SANKTIONÉIEREN wann se net physech present sinn Gemeinsamen Pressecommuniqué 04.05

 

!!!1ière Schüler*innen hunn ab dem  04.05 ërem Schoul!!!

  • Dem Minister Meisch sein Youtube Message vum 17.04 fënnt een hei: Info Minister Meisch
  • Déi meescht gestallten Froen fënnt en hei: Q&A Froen 1ière
  • Et ginn nach normal Couren gehaalen virum 1ière Examen an deems en Einseignant en Cour hält fir een Deel vun der Klass an dann eng Stonn drop den selwechten Cour nach eng Kéier hält fir den aaneren Deel vun der Klass
  • Datumer vum 1ière Examen BLEIWEN bestoen sie fänken den 25.05 un an et ass och sou dass den Ministère Diplomer zur selwechter ZÄIT wéi ËMMER iwwerreechen wëll, dass keng Persoun benodeelegt gëtt an Deadlines fir d'Unien kënnen agehalen ginn (och wann et Europawäit Diskussiounen ginn fir Deadlines ze verlängeren, bléift den Zäitplang). Falls Schoulen bis zum Ufank vun den Examen nach zou wieren, dann ginn d'EXAMEN AWER AN DER SHOUL GESCHRIWWEN (natierlech sollen Sanitéitscritèren agehalen ginn)
  • Examen: Den 11.05 ginn regulär Prüfungen ofgehaalen an optionell Prüfungen kënnen bis den 18.05 ofgehaalen ginn. Et ginn néi Examensquestionnairen ausgeschafft fir den Premières Examen dass just Matièren gefrot ginn déi bis virun der Schoulschléissung 13.03 traitéiert goufen. Et sollt 3/4 vum Cours sinn, säit dem 03.04 kruuten Primaner eng Mail wou een iwwer dës Säit Matière déi traitéiert gëtt fir seng Sektioun kuken kann: Matière 1ère Examen D'Informatiounen mussen ausgefëllt ginn, passwuert ass IAM nummer, dann gëtt een weidergeleet an et dréckt een op den rouden link. An den Examen ginn et Froen oder Fächer wou een en Choix maachen kann. Et gëtt gekuckt mat den Schoulen an Proffen, dass all Schüler*inn um selwechten Stand ass an eng fair Chance ob en Diplome huet
  • Hygiene: Et mussen Sanitärsbestëmmungen angehaalen ginn!! Et kann sinn dass Examen an Sportshaalen gehaalen ginn oder aaner Strukturen 
  • Jores Moyenne: 
    • 1) Optioun: Moyenne vum 1 Semester als Joresmoyenne
    • 2) Optioun: Moyenne vum 1 an 2 Semester huelen als Joresmoyenne an dann kann een extra Epreuven maachen fir Noten ze verbesseren an verschiddenen Fächer (déi sinn facultativ)
  • Punkten déi wärend dem Joer gesammelt ginn sollen net zu Ongonschten vun den Schüler*innen fallen, dass et keen langfristegen Impakt op Zukunft huet
  • Encadrement fir Studium: no den Examen kënnen Schüler*innen encadréiert ginn fir Matière nach eng Kéier nozehuelen als Preparatioun zu der Universitéit
  • Et gëtt eng FB Grupp déi sech gegrënnt huet wou Studéirender sech solidaresch wéisen an Nohëllef ubidden fir Primaner. Hei ass Grupp: Studenten hellëfen Primaner an hei ass en Google Form wou Schüler*innen sech kënnen umellen: Umellung Primaner Nohëllef an hei ass Kontaktinformatioun bei weideren Froen: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
  • Et gëtt eng Initiative vun engem Philosproff deen Podcast mecht um LTE Channel an der Philosophie fir den Cour besser ze verstoen. Den Channel heescht Wat der Däiwel an et fënnt een Couren hei ob der soundcloud: Wat Der Däiwel - Philo Podcast 1ère

 

Formation Professionnelle: (Et ginn News 16.04)

!!!13ième Schüler*innen & BTS terminale hunn ab dem  04.05 ërem Schoul an Stage!!!

Aner Klassen hunn ab dem 11.05 ërem Schoul 

Mir als UNEL sinn an Kontakt mam Ministère an soubal mer Infoen hunn publizéiren mer se hei!

  • Den Ministère update seng website all Dag an hei fënnt een och Informatiounen zu der Formation Professionnelle: Information Form. Prof. et gëtt och nach méi online Material héichgelueden 
  • Et gëtt probéiert dass Promotiounen erméiglecht ginn fir dëst Joer
  • Léierjongen/Léiermeedercher kënne vun der Reegelung fir d’Deelzäit-Aarbechtslosegkeet profitéieren Informatiounen Deelzäit Aarbechtslosegkeet
  • STAGEN: ALL Stage an Ausbildung am Kader vun der Formation Professionnelle ass ofgesoot souwuel am Lycée wéi och am Léierbetrieb. Schüler*innen, déi net op enger Ofschlossklass sinn, kréien eng Dispense fir all déi Stagen, déi am Gaang sinn oder déi nach fir de d'Rescht vum Schouljoer 2019/2020 geplangt sinn. D’Schüler*innen op den Ofschlossklasse kréien eng Dispense fir déi Stagemodüllen, déi onméiglech bewäert kënne ginn.
  • MODÜLLER: Bei der Aart a Weis vun der Evaluatioun vun de Modülle wäert et zu enger gewësser Flexibilitéit kommen. Am Fall vun enger materieller Onméiglechkeet, fir e bestëmmte Modüll ze bewäerten, erlaabt de Bewäertungssystem eng Bewäertung am nächste SemesterPatronatsmodüller vum 2. Semester ginn dispenséiert fr d’Léierjongen an d’Léiermeedercher also sinn déi gepackt 
  • FINAL AN INTERMEDIAIRE PROJETE: D’Dauer vun de finalen a vun den intermediairen integréierte Projete gëtt ugepasst an hiren Inhalt beschränkt sech op déi Matière, déi bis zum Schluss vum 1. Semester vum Schouljoer 2019/2020 behandelt gouf. D’Commissairen, déi sech ëm déi final integréiert Projeten këmmeren, déi a Form vu Modüllen am Laf vum Joer organiséiert goufen, deelen d’Modalitéiten esou séier ewéi méiglech de concernéierte Lycéeë mat
  • LÉIERCONTRACT: Deadline fir den Léiercontract ze ënnerschreiwen déi ursprénglech den 31. Oktober war gëtt verréckelt. Den genauen Datum ass nach net bekannt
  • BREVET DE MAÎTRISE: DʼCoursë an dʼExamen ginn op e spéideren Datum verluecht
  • D'Aktivitéite ronderëm dʼPatronatsformatioun am CNFPC gi fir dʼZäit vun der Suspensioun och gestoppt
  • Sämtlech professionell Reuniounen (wéi preliminairer, curriculairer an anerer) sinn ofgesot bis néi Directiven verëffentlecht sinn

 

Héichschoul:

 

Generell Informatiounen:

WICHTEG! Härtefallantrag Covid-19 fir Bourse  Informatiounen op dir eng extra Bourse kënnt ufroen an wei eng Dokumenter der dofir bréicht fannt der hei op eisem Infogramm Härtefallantrag

 

WICHTEG! Däitschland huet den 10.04 eng Quarantän Pflicht agefouert vun 2 Wochen fir all Mensch deen/dat iwwert Grenz fiert. Dëst gëllt momentan och fir Studéirender déi mussen zeréck op d'Universitéit wéinst Examen. Fir an Frankräich anzereesen brauch een säit dem 08.04 en Areese Formulaire, dëst Dokument muss ausgefëllt ginn falls een wéinst Examen ërem zeréck op d'Uni misst. Dokument heescht Voyage international depuis l'étranger vers la France métropolitaine:Dokument Areesen Frankräich
  • Studéirender déi en CDD hunn kënnen lo bis zu 40h Woch schaffen an verschiddenen Beräicher wärend der Kris. Den Minister Kersch huet dat den 27.03 während der Presse Konferenz gesoot déi een hei fënnt (9:48min)Info Minister Kersch
  • Et gëtt eng Website vum Ministère wou een Informatiounen an Kontaktdaten fënnt: MESR Informatioun
  • Den CEDIES Guichet ass zou säit dem 16.03 an et kann een net méi perséinlech Dokumenter laanchtdroen
    WICHTEG! Deadline vun der aide financiaire BLEIFT bestoen 30.04. Den Ministère rifft op dass een d'aide financiaire sou séier wéi méiglech aschéckt och wann nach dat engt oder anert Dokument feelt fir dass den Dossier komplett ass (muss een juste motivéiren). Den Ministère reit dass et besser ass wann een den Dossier AUSNAMSWEIS per mail un des e-mail Adress schéckt: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. oder per My Guichet ausfëllt: My Guichet fir dass den Dossier och sécher traitéiert gëtt. Bei weideren Froen kann een sech  bei der e-mail Adress mellen.
  • Am Fall wou et an der Zukunft Problemer, duercht Corona Kris, wärten ginn fir genuch ECTS zesummen ze kréien pro Semester oder béi wéideren Problemer déi optrieden duerch Corona Kris, wäert den Ministère open sinn fir CEDIES Critèren unzepassen
  • Fir all weider Froen zb. Homologatioun vun den Diplomer ginn et och E-mail Adressen an Telefonsnummeren déi een hei fënnt: MESR Informatioun
  • Et gëtt eng FB Grupp déi sech gegrënnt huet wou Studéirender sech solidaresch weisen an Nohëllef ubidden fir Primaner. Hei ass d'Grupp: Studenten hellëfen Primaner hei ass en Formular wou Studéirender sech kennen umellen: Umellung Studéirender Hëllefen an hei ass Kontaktinformatioun wou Studéirender sech kënnen mellen wann se keen FB hunn: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
    WICHTEG!! Et ass eng extrem Situatioun fir vill Leit, wann et engem ze vill gëtt mam e-learning, Isolatioun vun Frënn an Kolleegen an ëmmer doheem bleiwen an dir braucht Hëllef oder eng Persoun mat där der schwätzen wëllt, dann rufft Hotline un vum Ministère 8002 90 90 do ass geschoult Personal vum CePAS all Dag vun 8-16h an Weekends vun 9-12h & 13h-16h fir Iech do. Weider Nummeren sinn d'Hotline vun der Universitéit: 46 66 44 6060, SOSDétresse 45 45 45 déi sinn all Dag vun 11-23 Auer a Freides an Samschdes d’ganz Nuecht bis 3 Auer zereechen, an dann kann een nach säit dem 01.04, 7/7 vun 7h-23h och psychologesch Hëllef op der Corona Hotline froen: 8002 80 80 aus dem Ausland kann een Helpline iwwer des Nummer ereechen: +352 4977 1 9200 Säit dem 07.04 gëtt et och eng Website vum Ministère, spezifesch fir psychologesch Hëllef unzebiddenCovid19psy.lu

 

University of Luxembourg: (Et ginn News)

NEWS! No engem Austausch mat der UNEL wäert d'Universitéit zu Lëtzebuerg momentan keng Videosurveillance Software benotzen bei den Examen. UNEL Pressekommuniqué an Matdeelung vun der Universitéit vum 05.06 

 

!!! D'UNIVERSITÉIT BLEIFT DËS D'SEMESTER ZOU!!!! Gouf den 10.04 matgedeelt

!!! Travaux Pratiques kënnen ab dem 04.05 ërem ob der Uni stattfannen!!!

Gouf den 15.04 matgedeelt

  • Universitéit bleift GANZ D'SEMESTER ZOU an GEET NET MEI OP, si ass säit dem 13.03 zou an säit dem 16.03 ass KEEN méi um Campus ausser déi déi essentiell sinn fir Fonctionnement vun der Uni (Keen SEVE ass do!)
  • Universitéit huet och eng Säit mat Informatiounen an mat Kontaktdaten: University of Luxembourg Corona Info an huet säit dem 19.03 och eng Hotline wou een weider Fro stëllen kann: 46 66 44 6060
    WICHTEG! D'Universitéit erméiglecht et den Studéirenden (Bachelor, Master & PhD déi net vun der Uni agestallt sinn) dass hieren Loyer vun Mäerz bis Juni erreicht no der Kris muss zréckbezuelt ginn, ab September 2020. Et muss een zwee Dokumenter ausfëllen déi een hei fënnt: Uni Loyer Informatioun Zousätzlech bei schweiren finanziellen Problemer, kann een nach eng Bourse déi een net muss zréckbezuelen ufroen beim University Hardship Fund. Dokument dozou fënnt een hei: Dokument Hardship Fund an bei Froen ass hei Kontakt Adress: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
  • Semester: Semester hällt offiziell den 4  SEPTEMBER OP en geupdateten Agenda kritt een vun den verschiddenen Program Directeuren gescheckt. Bis den 4 September kennen Couren an Examen stattfannen
  • Examen: All d'Examen ginn online gemach, ausser an ganz spezifesche Fäll. All Program Directeur wäert Format vum Examen matdeelen an upassen. Et kann sinn dass verschidden Examen nach nom 5 Juli kënnen stattfannen. Wann een an engem Examen duerchfällt dann gëtt deen net gezielt zu den maximal Versich déi een kann machen béi den Noexamen. Noexamen kënnen ausnahmsweis wärend dem Semester stattfannen, den Program Directeur entscheet op dat méiglech ass. D'Course requirement sinn nach emmer déi vun der Agenda 2019/2020 an wann een deenen net gerecht gëtt kritt een keng ECTS
  • Stagen: All Stagen déi net konnten gemach ginn, ginn ersaat duerch eng alternative Aufgab déi vum Program Directeur matgedeelt gëtt. Dëst gëllt och fir Stagen déi virum 31.08 sollten gemach ginn an déi obligatoresch sinn fir d'Studiengäng
  • Joer Packen + Graduation: Diplomer sollen matzäiten ausgeschriwwen ginn. 50% Reegel, dass een 30 ECTS brauch fir säin 1 Joer Uni ze packen gëtt ereicht am Wanter Semseter 20/21 applizéiert, also 30 ECTS mussen erschafft ginn nom 3 Semester fir vollzäit Studéirender. Fir déi Leit déi juste nach dës Semester gehat hätten fir hiere Studium ze packen, do zielt Summer Semester 2020 net fir d'gesamt Studienzäit ze rechnen
  • Pésencen: Studéirender mussen béi obligatoreschen Couren online participéieren. Wann d'Proffen lo géifen krank sinn fir een Cour dann kënnen Studéirender en ABS-J (absence justifiée) kréien  
  • Den Ministère bitt den Studéirenden am Bachelor en sciences de l'éducation en Kontrakt bis zum Recht vum Schoul Joer un fir den geplangten zousätzlechen Appui ze garantéiren 
  • Jidereen*t deen/dat an Studéirenden Wunnengen oder Residenzen vun der Universitéit wunnt, sollt wann et méiglech ass bei Famill/Elteren ënnerkommen fir den Risiko ze miniméieren dass Leit ugestach ginn
  • Fir Recherche: Et sollt souvill wéi méiglech ob a-z.lu zréck gegraff ginn wann den Accès ob Datebanken net méiglech ass well een net am Netzwierk vun der Uni ass dann soll een sech un seng Proffe wenden 

 Erasmus:

  • Studéirender déi zu Lëtzebuerg hiert Erasmus Semester maachen an nach wëllen zréck an hiert Land sollen hier Ambassaden DRINGENT kontaktéieren!!! Et gouf annoncéiert dass den Fluchverkéier fir Passagéier sollt den Méinden den 23.03 AGESTALLT GINN
  • Studéirender déi nach am Ausland sinn an wëllen zeréck ob Lëtzebuerg kommen. Kontaktéiert Lëtzebuergesch Ambassade an kommt SOU SÉIER WÉI MÉIGLECH zréck. Studéirender déi decidéieren am Ausland ze bléiwen an net wëllen rem kommen ob Lëtzebuerg, kennen sech un déi jeeweils Studéirendenorganisatiounen an dem Land wenden. Eng Lëscht fannt der hei: Contact Information ESU Organisation sollt äert Land an Europa net dobäi stoen dann kontaktéiert eis ënner This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. mir kontaktéieren eis international Partner dann.
  • All Erasmus Studéireden zu Lëtzebuerg gëtt weiderhin encadréiert an huet Recht ob online Materialien an un den E-lessons deelzehuelen
  • Studéirender kënnen den Erasmus ofbriechen an force majeure Klausel dofir notzen. Wann een säin Mobilitéitssemester ofbriechen muss oder net ufänken kann, dann muss een wann een erëm zu Lëtzebuerg ob der Uni ass KEEN Auslandssemester méi machen! 
  • D'Universitéit schafft un Mesuren dass déi feelend ECTS kennen erschafft ginn
  • Ëmfro vum ESN: ESN Erasmus Corona Survey ass säit dem 30.03 zou, et hunn 22 000 Leit se ausgefëllt an mir updaten Iech iwwert den Impakt deen är Froen op d'EU Commissioun Positioun an d'EU Mesuren huet, soubal mer Infoen hunn
WICHTEG! D'UNEL als Member vun der European Students' Union huet un engem Webinar deelgeholl iwwer Erasmus, organiséiert vun der ESU an dem Erasmus Student Network (ESN). D'Europäescher Kommissioun war och présent fir ob wichteg Froen ze äntweren déi gestallt goufen. En Resumé, deen een kann downloaden, fënnt een hei mat den wichtegsten Äntwerten, déi fir vill Leit behëlleflech kënnen sinn!!Dokument Erasmus Q&A