UNEL

An der 2. Emissioun vun Ënnert dem Pavé hunn mir versprach an engem Artikel mei genau op Zuelenlag vun der Reform vun de Studiebaihellefen anzegoen, d'Lescht vun der Musik dei mer oofgespillt hunn unzeginn an nach bessen eppes iwwert den UNEL Weekend ze soen. Ausserdeem gett et vill gutt local Musek an en exclusiven Interview mam Street-Art Kenschtler Raphael Gindt.

Musik aus der Sendung 

 Während der Emissioun gouff folgend Musik gespillt:

1. Monophona - Ricochet
2. Say Yes Dog - A Friend
3. Natas Loves You - Go or Linger
4. Seed to Tree - Until It Gets Better
5. Birdbones - Every Single One Of Us

Den Podcast fannt der hei

UNEL Weekend

Den 26. März trefft d'UNEL sech am SNJ fir zesummen Themen wei, Schüler*innenrechter, Repräsentatioun op der Uni.lu an Frairaum zu Belval, Studiebaihellefen an Sexismus an der Schoul ze beschwetzen.

Lass geet et um 14:00 uschleissend ass Owes och nach een UNEL Stammdesch virgesinn. Mei genau Informatiounen zum Weekend wei och zum Stammdesch wärten an den nächsten Deeg kommen.Den 26. März trefft d'UNEL sech am SNJ fir zesummen Themen wei, Schüler*innenrechter, Repräsentatioun op der Uni.lu an Frairaum zu Belval, Studiebaihellefen an Sexismus an der Schoul ze beschwetzen. Lass geet et um 14:00 uschleissend ass Owes och nach een UNEL Stammdesch virgesinn. Mei genau Informatiounen zum Weekend wei och zum Stammdesch wärten an den nächsten Deeg kommen.

Zuelenlag zu den Studiebaihellefen

Et ass tatsächlech net einfach d'Iwwersiicht bei den ganzen Zuelen ze behaalen dowengst stellen mir iech hei dei wichtegst fir:

Bei desem Tableau handelt et sech em d'Zuelen dei den Ministère esou der Chamberkomissioun iwwerreecht haat wei iwwert d'Reform vun der Reform vun den Studiebaihellefen geschwaat gouff.

An eiser Sendung ass eis leider och een Fehler ennerlaaf, an zwar war den Pourcentage vun den Studeierender dei d'Mobiliteitsbourse kreien falsch, mir waren dovun ausgaangen datt dei Email dei den Ministère eis gescheckt huet nemmen geing d'Résidenten behandelen an net eemol dei zwee an fir den Rescht emmer nemmen Résidenten. Tatsächlech stemmen do dei 2 Zuelen dei mir vum Ministère kruuten iwwerteneen, trotzdem bleift dobai nach emmer d'sozial Opdeelung vun den Studeierenden staark unzezweifelen.

Hei dann och d'Email vum Ministère dei mir kruuten wei mir noo mei Zuelen gefroot hunn:

Vun de ronn 11600 Studenten déi eng Bourse de mobilité kréien, kréien der ronn 6400 och eng Bourse sociale also ronn 55%.
Vun deene ronn 9200 Résidents déi eng Bourse sociale kréien, sinn der ronn 6000 déi och eng Bourse de mobilité kréien, also ronn 65 %.
[..] Vun de ronn 4000 Résidents déi eng Bourse sociale kréien a wou de Revenu imposable ënnert 2 SSM leit, kréien der ronn 2260 och eng Bourse de mobilité, also ronn 57 %, woubäi vun den ronn 1200 Résidents déi eng Bourse sociale kréien a wou de Revenu imposable ënnert 1 SSM leit, der 650 och eng Bourse de mobilité kréien - also ronn 54 %. 
Op déi ronn 1300 Résidents déi eng bourse sociale an der 2. Kategorie kréien, kréien der ronn 720 och eng Bourse de mobilité
Op déi ronn 1500 Résidents déi eng bourse sociale an der 3. Kategorie kréien, kréien der ronn 900 och eng Bourse de mobilité.

Fir daat bessen mei liicht ze veranschaulechen hunn mer dowengst den läschten Tableau erweidert: (roud Zuelen)

Dobai ass schon ze erkennen, datt an verschiddenen Kategorien bessen manner wei d'Halschent an am allgemengen een Drettel vun den Résidenten (!) keng Mobiliteitsbourse kreien wann se eng Sozialbourse kreien, wat en Zeechen dofir ass datt dei Leit eischter zu Letzebuerg bleiwen. Dobai muss een wessen datt Studeierender dei op der uni.lu sinn just 20% vun allen Résidentstudeierender ausmaachen, den Deel vun den sozial manner bemettelten Studeierender ass also do mei staark vertrueden wei am Ausland.

Elo awer zur sozialer Opdeelung:

Wat extrem iwwerraschend ass, ass dass an baal all Kategorie vun der sozialer Bourse glaichvill studeierender sinn. Erstaunlech, well daat haaptsächlech all soziologescher Etude widdersprecht dei et gett. D'Chambre de Salarié huet zum Beispill an hierem Avis zum Gesetz vun den Studiebaihellefen 2013 folgenden Tableau virgeluecht:

Do gesait een, ganz kloer datt dei Verdeelung vun den Studeierenden net sou glaichmeisseg ass wei den Ministère behaapt. An tatsächlech haat den Minister Meisch schon 2013 beim Riicht Eraus selwer gesoot, datt den Ministère mat sengen eischten Calculen, wou en dovun ausgaangen ass, datt d'Studeierender selwer glaichmeisseg verdeelt sinn geiff falsch leien an sie et dowengst nogebessert hunn. Dei Nobesserung hunn mir awer net ze gesinn kruut, an wei et schengt gett lo rem genau den selwechten Fehler gemaach. Tatsächlech haaten mir schon während der Table Ronde gesoot datt d'Zuelen vum Ministère falsch wieren an letzendlech zousätzlech 20 Milliounen Euro agespuert ginn, och op deem Punkt hunn mer Recht behaalen, dozou hei mei.

Wei der gesidd, ass d'Zuelenlag net grad sou einfach an haaptsächlech keen Verloos op d'Zuelen dei mir selwer vum Ministère hunn. Wann mir iwwregens hei nach geingen d'Zuelen vun der Studie dobai zeien dei d'läscht Joer gemaach gouff fir den Budget vum Studeierenden ze errechnen, wieren dei Diskrepanzen nach mei grouss.