UNEL

Hannergrond Informatiounen:

- Gesetz gouf am März 2018 proposéiert vun der ACEL an dem fréieren Aarbechtsminister Nicolas Schmit

- Et gouf kritiséiert vun diversen Acteuren ënner Anerem der UNEL (eis Positiounen fënnt een hei) an et goufen 2 mol Amendementer proposéiert

- Et waren néi Wahlen am Oktober 2018 an en néien Aarbechtsminister gouf gewielt: den Dan Kersch

- D’UNEL huet sech mam Minister, Patronat (UEL), Chambre de Salariés (CSL), & ACEL getraff fir iwwer eis Fuerderungen sech auszetauschen

- Et ass en Accord publizéiert ginn den 24.05 zweschent Patronat (UEL), Chambre de Salariés (CSL), Ministère, ACEL & UNEL wou néi Amendementer festgehalen gouf

- Gesetz reegelt Stagen déi wärend dem Lycée an dem Studium gemaach ginn. Formation professionelle ass iwwert en anert Gesetz gereegelt

- Gesetz ass NACH NET gestëmmt an ass NACH NET AKRAAFTGETRUEDEN

- Et sinn nach keng genau Informatiounen raus wini et gestëmmt gëtt oder akraaft trëtt mee et wärt nach dëst Joer sinn

 

Den Kompromëss:

- Stagen déi obligatoresch vun der Uni gefuerdert ginn oder ob fräiwëlleger Basis sinn, ginn lo ALL BEZUELT. Dëst war net den Fall bei der aler Versioun vum Gesetz an war eng Haaptfuerderung vun der UNEL. Och ginn fakultativ Stagen no engem Bachelor Diplôme mam QUALIFIZÉIERTEN MINDESTLOUN  gerechent dat war och eng Fuerderung vun eis:

 

Obligatoresch Stagen

Fakultativ Stagen

 

Bachelor

Master

Während Bachelor

Nom Bachelor

4 Wochen-3 Méint

30% onqualifizéierten Mindestloun

30% onqualifizéierten Mindestloun

50% onqualifizéierten Mindestloun

50% qualifizéierten Mindestloun

3 + Méint

30% onqualifizéierten Mindestloun *

30% qualifizéierten Mindestloun

75% onqualifizéierten Mindestloun

75% qualifizéierten Mindestloun

                                           *  - onqualifizéierten Mindestloun (01.19): 2.071,10€

                                               - qualifizéierten Mindestloun (01.19): 2.485,32€

 - Et ass lo méiglech en Stage ze maachen wärend enger Period vun 1 Joer no engem Diplôme de fin d’etudes secondaires an nom Bachelor. Den But ass Méiglechkeet ze hunn Stagen ze maachen fir sech z’Orientéieren. Maximal dauer vum Stage ass 6 Méint

- All Studéirenden am Stage huet lo en Recht op en Tuteur, en Bilan, Begleedung an role vum tuteur ass besser definéiert

- Et ass méiglech Stagen ze maachen am Temps-Partiel

- Et ass net méiglech Stagen ze maachen no engem Master

- Et ginn keng Limitten bei den obligatoreschen Stagen mee bei fakultativen Stagen dierf eng Firma net méi wei 10% vun hirem effectif hunn déi Stagiairen sinn fir Abus ze minimiséieren. Des Limitt gëtt opgehuewen wärend der Summervakanz vun Juli-ufanks September

 

UNEL Kritikpunkten um Kompromiss

- Mir kritiséieren dass Stagen en Cascade nach ëmmer méiglech sinn an dass d'Bezuelung bei obligatoreschen Stagen net gestaffelt ass wei bei den fakultativen Stagen och an bei 30% bleift am Platz erop ze goen ab engem Stage den méi laang dauert wei 3 Méint.

- Mir hunn bedenken bei den Limitten vun Stagiairen pro Firma an hoffen dass et net zu Abus kënnt, soss mussen Limitten agefouert ginn och bei obligatoreschen Stagen fir d’Qualitéit vum Stage ze garantéieren

- Et mussen nach vill Saachen diskutéiert an reglementéiert ginn wei zb. Wei Iwwerstonnen gereegelt sinn, op een Conventiounen verlängeren kann, ob Stagiairen an Pensiounskees abezuelen etc.